top of page

Cinquantenaire; 11.03.2023 Optakt vun de Feierlichkeeten


Leschte Samschdig hu mer, um Dag genee 50 Joer no der Grënnung vun de Përmesfrënn, därfen eng Gedenkmass fir d'Grënnungsmemberen an all lieweg a verstuerwen Memberen vum Veräin halen.

Den Här Paschtouer Marco Wehles as an de Führbitten op engt Évènement aus all Joerzingt agang an hott doraus en Impuls fir d'Zukunft formuléiert.

D'Joerzingte waren an der Déco symbolisch duerch 5 Kärzen duergestallt


No der Mass hun d'Përmesfrënn op ee Patt am Festsall invitéiert. Hei goufen Erënnerungskärzen un d'Grënnungsmemberen oder hier Nokommen iwerreecht an mer hun di 50 Joer mat enger Diashow revuepasséiert. Dee ganzen Owend stung am Zeechen vun Erënnerung an Dankbarkeet.



Bei Geleejenheet vum Cinquantenaire hu mer Kärzen mam neie Motiv mache geloss. Dës sën ab lo an der Kleisschen an an eisem Onlineshop am Verkaaf.






klassech Kärz mat 7cm Durchmeesser


Verkaafspräis 12€/St





Engt Glas mat impriméiertem Motiv an Holzdeckel, hei kënnen Téilichter dragesaat gin.


Verkaafspräis 16€/St

 
 
 

Comments


Über die Webseite

Wilkommen auf der Webseite des Vereins

"Les Amis de Saint Pirmin - Përmesfrënn Kaundorf" Hier erfahren Sie alles rund um den Pirminusberg und  den Förderverein.

ADRESSE

Les Amis de St. Pirmin - Përmesfrënn asbl

Am Enneschtduerf 23
L-9662 Kaundorf

 

avec le soutien du
Ministère de la Culture
  • Facebook
bottom of page