top of page

Gedicht "Paischtméinding 2020" vum Liliane Cornette-Theis

Aktualisiert: 16. Jan. 2021


Paischtméindig 2020


Gläich 9 Auer, d'gëtt Zäit op Kauneref ze go'n,

fir dem Hl. Pirminus eis Suergen ze dro'n.


Ech komme bei d'Kiirch a mache grouss Aan:

Kee Mënsch waart do, ënnert dem Lannebam!


Keen Himmel steet do fir d’hellegt Sakrament!

Huet de Marco dat éieren de moien verpennt?


Oder hunn ech mech am Datum versinn?

Et misst dach hockt Prëssiounsdag sinn!


Vläicht koum ech och einfach nëmmen ze spéit;

Gin lo kucken, wou e Pompjee de Fändel héich dréit.


Ech maache mech op de Wee, op Përmesknupp zou,

an hunn alt schonn mol de Laudate opgeschlou.


Ech lauschtren no vir, keng Musik erkléngt,

kee Chouer, deen en Tantum ergo sengt.


Keng Blimmchen um Wee, déi d'Kanner gestreet,

an och kee Mënsch, deen de Rousekranz beet!


Sou trëpplen ech virun, kommen ëmmer méi no,

"Bestëmmt se schonn honnerte Pilger lo do!"


Nach puer honnert Meter, é komescht Gefill:

Vu Wäitem gesäit een och guer keng Still!


Hott da keen den Altor raus op d'Plaatz geréckt

deen all Joer war sou schéin mat Blummen geschméckt?


Keng Klack, déi laut, keng Käerz, déi liicht!

Mir leeft heemlich eng Tréin iwer d'Gesiicht!


Ech gi bei d'Kapell a luussen durch d'Dir,

De Pirmin kuckt mech un; sou kënnt et mer vir!


Huet heen net e verschmitzt Laachen am Gesiicht?

oder war et just d'Sonn, déi durch d'Fënst're geliicht?


Et kënnt mer sou vir als wëllt heen epp's so'n,

mee dat kann ee wuel nëmmen mam Härz versto'n!


Ech lauscht'ren rondrëm....

war do net eng Stëmm?


Hé, Li, d'gëtt elo Zait... komm, erwäch!

O Pirmin, waars Du dat lo? riffs Du mech?


Ech kucke rondrëm mech a reiwen meng Aan:

"Gott sei Dank, dat Ganzt war nëmmen een Dram!"


"Pandémie" "Corona" a "bleift doheem"

dat verfolligt mech schonn, bis a meng Dreem.


Grad ELO as dach d'Zait, bei de Pirmin ze goen!

Grad ELO as dach d'Zait, him eis Suergen ze kloen!


Dat huet esouguer eise Bistum agesinn,

mä d’Regierung huet bis elo keng gring Luucht dofir ginn!


Mer kommen, wéi all Joer, op Päischten bei Dech,

Trotz Virus, trotz Masken, an dorop freeën ech mech!


Well, Pirminus, mir Mënschen vertrauen op Dech,

a mir wëssen, Du léiss äis an di Krank net am Stech!


A wa mer da pilg'ren, bei Dech an Deng Quell,

da gëtt och di déifsten Däischtert rëm hell!


17 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page