top of page

Paischtmoundig 06. Juni 2022 um Përmesknupp

Sankt Pirmin huet viir aaler Zäit………

säit Honnerte vun Joren (sou och am Krichsjoer 1917 )

gi mer Päischtméindig bei den Helligen Pirmin.


No 2 Joer Corona-paus ass d’Pirminuspressioun erëm do.


D’Por Öwersauer-St. Pirmin an d’Përmesfrënn Kauneref invitéieren häerzlich all Leit, un der Pressioun an der Mass um Përmesknupp deelzehuelen.


Jiddereen ass wëllkomm, besonnesch all Kanner, sief et als Engelchen, Streekand (Streekierf sinn op der Platz, Blummen soll een matbréngen) oder Massendinger (bréngt äert Massendéngerkleed mat w.e.g.)


Päischtméindig ass em 8.45 Rendez-vous fir d‘Pressioun zu Kauneref bei der Kirch.


D‘Mass um Përmesknupp matt Festpriedigt vum Här Paschtouer Guy Diederich

ass em 10.00 Auer.


(Fotoen aus de Joren 1917 an 2017 -2019 )















46 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page